Learning by doing … Och an der Musekwelt ass et wichteg déi geléiert Kenntnisser am Solfège och dierfen um Instrument kënnen ze praktizéieren an esou eventuell eng nei Leidenschaft ze fannen.
Mee nët eleng d’Coursen um Instrument, mee d’Chance kënnen an engem Grupp vun jonken Musikanten ze musizéieren, gët der begeeschterter Jugend d’Geleeënheet hirt Instrument besser keenzeléieren an ët am Ensembel auszereizen.
Dëst woar och Zweck an Ziel vun der Grënnung vun engem Jugendorchester am September 2012.
Traditionnel sin elo schons d‘Optrëtter vum Jugendorchester um Krëschtgala an um Fréijorsconcert vun der Fanfare Gemeng Duelem. Op der Fête de la Musique, am Kader vum Schampesfest vun der Musek, mecht de Jugendorchester Sonndes ëmmer den Opening.
Dirigéiert gëtt de Jugendorchester vum Josy Holcher.
Fir weider Froen këent Dir Iech gären wenden un de Responsablen fir d’Jugendaarbecht an der Fanfare Gemeng Duelem
Boris Vandivinit / Contact
Du spills en Instrument oder wëlls dech aktiv an engem flotten, dynamesche Veräin engagéieren? Da komm bei eis an d'Musek!
Rendez-vous ëmmer Méindes Owes tëschend 19:30 an 21:15 Auer, ausser an der Schoulwakanz.
Wanns de wëlls en Instrument léieren huel gäre Kontakt mat eisem Responsablen vun der Museksschoul op!
Mit fréen eis op Dech! 😉