Onsen Dirigent: Josy Holcher


Den 23. Mäerz 1969 zu Déifferdeng gebuer, huet de Josy Holcher séng musikalesch Ausbildung mat 10 Joer an der Uewerkuerer Musek ugefaang. Dunn ass e vir d’éischt an den Escher Conservatoire gaang mam Cor als Haaptinstrument. Am Lycée goung et dunn op d’Museksektioun am Kolléisch an domadder och an de Stadter Conservatoire. Niewt dem Cor huet de Josy Holcher ënner aanerem Uergel, Kammermusek, Chant a Musekgeschicht geléiert.

 

Mat 17 Joer gouf hien deemols de jéngste Chouerdirigent am Land a mat knapp 19 stoung hien un der Spëtz vun der Uewerkuerer Musek.

No der Première gouf dunn awer berufflech nët de musikalesche Wee ageschloen, mä de Josy ass Sozialpedagog ginn.

 

Gespillt huet de Josy, niewt verschiddene letzebuerger Ensembelen, enner aanerem an däitsche Kammerorchesteren an am Symphonieorchester vun der ULB.

 

A sénger iwwer 35jähreger Tätegkeet als Dirigent woar hien ënner aanerem Chef zu Hëpperdang, zu Bieles, zu Réiden an zu Helléng.

De Josy Holcher bild sech musekalesch och ëmmer nach weider a studéiert am Moment de Carillon, souwuel zu Iechternach, wéi och an der Carillonhéichschoul zu Malines (B).