D’Fanfare Gemeng Duelem as 1901 gegrënnt gin. Mir zielen de Moment 46 aktiv Musikanten, déi hirer Passioun mat Begeeschterung nogin.
Dozou zielen folgend Instrumenter: Flütt – Haubois – Klarinett – Bassklarinett – Saxophone Alt/Tenor/Barithon – Bügel – Trompett – Cor – Trombone – Euphonium – Bass – Piano a Perkussioun.
Mir brauchen:
Nach weider symphatesch Musikanten, déi d’Freed um Musizéieren mat eis deelen. Mir wëllen eisen Kontingent nach weider ausbauen – déi bestehend Instrumenter opstocken a natiirlech aaner Blosinstrumenter integréieren.
Erfahren Musikanten oder Débutant – Leit déi en Instrument spillen a nët am Grupp aktiv sin – begeeschtert Musekfrënn, déi en Instrument léiere wëllen.
mir sin interesséiert un iech all – een atout as „Loscht u Musek".
Mir bidden:
Fir weider Renseignementer: Präsident: Robert Vandivinit Tél. 621797991 / E-Mail
Du spills en Instrument oder wëlls dech aktiv an engem flotten, dynamesche Veräin engagéieren? Da komm bei eis an d'Musek!
Rendez-vous ëmmer Méindes Owes tëschend 19:30 an 21:15 Auer, ausser an der Schoulwakanz.
Wanns de wëlls en Instrument léieren huel gäre Kontakt mat eisem Responsablen vun der Museksschoul op!
Mit fréen eis op Dech! 😉